Iwwer eis

Als lëtzebuergesche Familljebetrib kënne mir op bal 10 Joer Expertise zeréckkucken a freeën eis op vill weider Joëren! Mir si begeeschtert fir dat wat mir maachen! Waasser a Perfektioun ass eist Leitmotiv, an eis vill zefridden Clienten sinn eis Motivatioun. Dofir entwéckele mir eis stänneg weider fir op zukünfteg Erausfuerderungen virbereet ze sinn. Aus dësem Gedanken eraus ass och eisen Phinella Projet entstanen. D’Bedierfnesser an d’Wënsch vun eise Clienten sin eise primäre Fokus a si hunn letztendlech dozou bäigedroen Phinella ze perfektionéieren.

Firmengründer Eva Leutelt und Laurent Glaesener im Wald im Mai
D’Grënner vun der Firma Eva Leutelt an Laurent Glaesener

Eis Philosophie

Wien aneren eppes Guddes deet, deet sech selwer eppes Guddes! D’Liewen ass nämlech e faire Floss vu Gin an Empfänken. D’Natur, mat hiren onverännerleche Gesetzer, ass eisen beschte Léiermeeschter an dëser Hisiicht. D’Natur, als eist Virbild, weist eis och, datt grouss Verännerungen dacks mat de klengste Saachen ufänken. Wann een nei Weeër erschléisst – egal wéi kleng déi éischt Schrëtt och sinn – kann jidderee grouss positiv Entwécklungen ervirbréngen. Getrei dem Motto: „Siew du selwer déi Verännerung, déis du dir wënschs fir dës Welt!“ (Mahatma Gandhi)